Revue de presse



Articles




Nouvelles - 19/10/2017

Quotidien : "Une nomination trop hâtive ?"



lire la suite


Nouvelles - 19/10/2017

Le Jeudi : "Vie et société"



lire la suite


Nouvelles - 18/10/2017

RTL.lu : "Méi kohärent Programmer am Fondamental an am Secondaire"



An der Chamber gouf e Mëttwoch de Moien iwwert de Conseil National des Programmes diskutéiert.



Dem Rapporteur an DP-Deputéierten Claude Lamberty no, géif ee mat deem neie Gesetz definéieren, wat an Zukunft op d’Programmkommissiounen zoukënnt a wéi ee sech soll mat de gesellschaftlechen Entwécklungen auserneesetzen, fir d’Programmkommissiounen kënnen ze beroden. Dës Programmkommissioune géifen eng wichteg Roll am Schoulsystem spillen, well näischt sou séier evaluéiert wéi d'Gesellschaft an d'Schoul.

Educatiounskommissioun / E Reportage vum Frank Elsen
Fir d’CSV-Députéiert Martine Hansen iwwerdeems, misst ee sech d’Fro stellen, ob een iwwerhaapt e Conseil National des Programmes brauch. Och wann d’Programmkommissiounen net optimal géife fonctionnéieren, wier de Conseil National des Programmes net déi richteg Léisung, fir datt Programmer méi kohärent ginn oder der Aktualitéit Rechnung droen.

Kohärenz vun de Programmer ass immens wichteg, an de Missioune vum Conseil National des Programmes gëtt dat awer net méi ernimmt, obschonns se am Exposé des motifs als eng Ursaach genannt gëtt, fir dass dee Conseil gegrënnt gëtt. Eng Léisung wier dat hei also net, mengt d'Martine Hansen.

An awer hätte verschidde Programmkommissioune grouss Fortschrëtter gemaach. D'Programmkommissiounen an d'Informatiker hätten et 15 Joer laang net fäerdeg bruecht, datt een aktuell Programmer huet. Elo gouf awer d'Méthode de travail geännert an d'Programmer adaptéiert. En zousätzleche Gremium bräicht een an hiren Aen net, sou d'Martine Hansen weider.

Am Dezember, respektiv am Januar d’nächst Joer soll d’Gesetz gestëmmt ginn.

lire la suite


Nouvelles - 18/10/2017

RTL.lu : "169 Mataarbechter ginn net detachéiert"



Aktuell läit eng Propos um Dësch, mat där den Educatiounsministère an d'Mataarbechter vun der Ediff liewe kënnen.



Den Dossier vun der Education différenciée hat jo an de leschte Woche fir vill Opreegung gesuergt. Mëttlerweil sinn Educatiounsministère a Mataarbechter vun der Ediff schonn e puer Mol zesumme komm, elo läit eng Propos um Dësch, déi béid Parteie begréissen. Dat geplangten Detachement vun 169 Mataarbechter ass vum Dësch, esou de Minister Claude Meisch.

Am Ufank sollten déi 169 Agente vun der Education différenciée, déi an den equipes multiprofessionelles geschafft hunn, temporär ënnert d’Autoritéit vum Regionaldirekter detachéiert ginn.

Fir d’Rentrée 2018 ass elo virgesinn, datt déi Education differenciée, wéi mir se haut kennen, ofgeschaaft gëtt. D’Equipes multiprofessionelles ginn zum Deel an de Fondamental schaffen, een aneren Deel awer an déi 9 Kompetenzzentren, déi geschaf ginn.

Den Educatiounsministère erhofft sech eng besser Betreiung fir d’Kanner. Ronn 900 Leit aus der fréierer Ediff a weider spezialiséiert Personal wäert fir d’Schouljoer 2018 um Terrain schaffen, dat op 3 Niveauen, direkt an de Schoulen, wou bis zu 150 spezialiséiert Enseignante schaffen, Personal aus der fréierer Ediff ënnert de Regionaldirektiounen an zousätzlech spezialiséiert Personal an de Kompetenzzentren. Dat fréiert Ediff-Personal ka selwer entscheeden, wou een an Zukunft wëll schaffen.

D’Personaldelegatioun vun der Ediff ass frou, datt een elo an dës Entscheedung agebonne gouf, eng Entscheedung déi ee begréisst.

An de leschte Woche gouf et vill Onrou am Dossier Ediff, eng Situatioun déi duerch matenee schwätzen, entlaascht gouf.

 Hei dat offiziellt Schreiwes vum SEW/OGBL/EEGED:

 

La mobilisation de l’EEGED et du SEW/OGBL a porté ses fruits

Le ministre Meisch laisse tomber le projet du détachement des 169 professionnels de l’Education différenciée (EDIFF)

Suite à la mobilisation massive du personnel de l’Education différenciée par le biais de l’association du personnel de l’Education différenciée (EEGED), en collaboration avec le SEW/OGBL, le ministre Claude Meisch a changé d’état d’esprit et approuve enfin un dialogue social dans le cadre de la réforme de l’Education différenciée.

 Lors d’une première réunion de négociation en date du 17 octobre 2017, le ministre Meisch a proposé à la délégation du personnel de l’Ediff de retirer son projet concernant le détachement de 169 professionnels de l’Ediff dans les structures de l’enseignement fondamental à partir de la rentrée 2017/2018.

En outre, il a proposé d’organiser trois réunions régionales au cours des prochaines semaines permettant de rencontrer le personnel de l’Ediff et d’expliquer ses projets concernant la future politique en matière d’inclusion scolaire.

A partir du début de l’année prochaine, tous les concernés seront entendus individuellement pour exprimer leur souhait d’affectation à partir de la rentrée 2018/2019.

Ils pourront opter pour une affectation dans les équipes de soutien des enfants à besoins (ESEB) de l’enseignement fondamental ou bien pour une affectation dans un des neuf centres de compétences en psychopédagogie spécialisée, retenus dans le projet de loi 52/2017-1 portant création de centres de compétences en psychopédagogie spécialisée en faveur de l’inclusion scolaire.

La délégation du personnel de l’EDIFF a accepté ces propositions qui sont dans l’intérêt des professionnels concernés et des élèves à besoins spécifiques et souhaite que le dialogue entamé puisse se poursuivre de façon constructive.

Néanmoins, l’EEGED et le SEW/OGBL restent très vigilants et ne se priveront pas de relancer la mobilisation du personnel concerné en cas d’autre rupture de confiance suite à des promesses non tenues !

 

Communiqué par l’EEGED et le SEW/OGBL

le 19 octobre 2017

lire la suite


Nouvelles - 17/10/2017

RTL.lu : "Schüler-Menacen a Lycéeën a Schoulen net nei, mä Alldag"



Well hien an de Conseil de discipline geruff gouf, huet e Schüler aus der Hotel-Schoul zu Dikrech d'Schoulpersonal agresséiert.



Am Lycee technique Alexis Heck zu Dikrech koum et en Dënschdeg de Moien zu engem Tëschefall, woubäi d’Police huet misse geruff ginn.

E Schüler hätt sech am Kader vun engem Conseil de discipline ganz aggressiv géintiwwer Mataarbechter vun der Hotel-Schoul gewisen. Hien hätt och Menacen ausgeschwat.

Doropshin huet d’Police missen intervenéieren an huet nom jonke Mann siche gelooss. Hien gouf am Laf vum Dag dann och effektiv gestallt a koum an d'Psychiatrie.

Reaktioun vum fréiere President vun der Apess

Sou e „Fait divers“ erstaunt keen Enseignant aus dem Technique, schreift de fréiere Vizepresident vun der Proffegewerkschaft Apess, Alain Kieffer, e Mëttwoch de Moien an engem Communiqué. Sou delikat Situatioune géifen zum Alldag am Technique gehéieren.

En anert Beispill: Dat strengt Anti-Tubak-Gesetz. D'Politiker hätten dat gestëmmt, mä wie géif an de Lycéeën dofir suergen, datt et agehale gëtt? Weder d'Politik, nach d'Police, déi hätt aner Suergen, also wären et d'Enseignanten. Wann een e Schüler géif drop opmierksam maachen, géing dacks eng hefteg an net passend Reaktioun zeréckkommen.

En anert Beispill wier, datt Schüler, och wa se volljäreg sinn, de Schoulterrain net dierfe verloossen. Alt nees wären et d'Proffen, déi dat misste surveilléieren an déi mat de demesuréierte Reaktioune konfrontéiert ginn.

D'Zuel vun de Conseils de discipline hätt zanter e puer Jore staark zougeholl. An enger Schoul vun 2.000 Schüler géiffen der ronn 20 d'Joer fälleg ginn, déi driwwer decidéieren, ob ee Jonken d'Schoul muss verloossen. Sou e Conseil gëtt et just fir „gréisser Affären“ wéi Gewalt, Drogekonsum oder wann ee méi wéi 60 Stonnen ouni Excuse feelt. Da kéint ee sech jo virstellen, wéi vill méi kleng Saachen do nach derbäi kommen, präziséiert den Alain Kieffer.

lire la suite


Nouvelles - 17/10/2017

Tageblatt : "Les intérêts et les droits des enfants à besoin particuliers et spécifiques (II)"



lire la suite
1 250 251 252 254 255 256 386