Discours de Monsieur Claude Adam lors du débat sur PISA II à la Chambre des Députés le 15 mars 2005

15. Mars 2005



Mam éischte Saatz vun dem Dokument, dat d’Madame Minister eis fir eisen Débat de consultation vun haut de Mëtten zougestallt huet, hun ech meng Problemer:

Les résultats de l’enquête PISA 2003 montrent que le Luxembourg a amélioré sa performance globale.

Jo, dës Kéier waren d’Schüler an d’Proffen méi motivéiert. PISA 2003 ass vu Schüler a Proffen serieux geholl gin.

Mee, et ass och liicht un der Stéchprouw geännert gin. D’Europaschoul koum bäi (mat emmerhin 4,9% vun der Schülerpopulatioun), mir hun e bëssen beim Modulaire gekierzt –alles a begrenztem Mooss, esou datt et vun der OECD akzeptéiert gouf, mee ëmmerhin.

D’Duerchféieren vum Test gouf geännert: D’Schüler konnten bis kuurz iirt se ugefaang hun mat schaffen, d’Sprooch vum Test wielen. An der Mathe war nit ewéi am Joer 2000 F obligatoresch, mee d’Schüler konnten d’Sprooch fräi wielen: Iwwer 80% hun Däitsch gewielt. Hei gesin d’Experten d’Haaptuursaach vun de Verbesserungen. An hei ass och d’Uursaach, firwat d’OECD kloer an däitlech seet, d’Resultater vun 2000 an 2003 kéinten fir d’Land Lëtzebuerg nit mateneen verglach gin.

Et ass bestëmmt richteg, all Test kritesch ze kucken. Dozou gehéiert och, sech Gedanken driwwer ze maachen, ween dann iwwerhaapt den Auteur vun dem Test ass, a wat seng Ziiler sin.

PISA ass nit vun engem Veräin vun Literaten, Philantropen oder Philatelisten ausgeschafft gin, mee vun enger Organisatioun, déi Interessi un der Entwecklung vun enger globaliséierter Wirtschaft huet.

Dat mécht mësstrauesch. Léisst sech Schoul op Mathe, Sproochen a Sciencen reduzéieren? Wéi wichteg sin sozial Kompetenzen, musech Fächer, Ethik asw. fir eis Schüler an an eise Schoulen?

Wann een allerdings liest, wéi d’OCDE déi verschidden Fächer, déi an der PISA Etude gepréift gin, definéiert, da stellt ee fest, datt et ganz vill em Verstoen an Applizéieren vu Wëssen get. Et get riets vun jonken „konstruktiven, engagéierten an denkenden Bierger“ déi aktiv um „gesellschaftleche Liewen“ sollen deelhuelen.

Wann ee weess, dass d’OCDE sech selwer als Optrag gin hat ze kucken, op déi Jugendlech vun haut prett sin, an der Wëssengesellschaft vun haut a vu maer kënnen ze bestoen;

Wann een dann och nach vun der Geleenheet profitéiert hat, deene verschiddenen Experten, Baumert, Köller, Schleicher, Barry Mc Gaw, nozelauschteren, wéi si nit nëmmen d’Resultater, mee och de serieux vun der Planung an Duerchféierung vum Test erklärt hun, da schingt et mir kloer: Mir kënnen eis nit rausrieden, mir mussen eis de Resultater stellen a Konklusiounen zéien an emsetzen.


De lëtzebuerger Schoulsystem ass mat enger Situatioun konfrontéiert, wéi et se an soss kengem Land gëtt: A kengem anere Land mussen Kanner a Jugendlecher 3 offiziell Sprooche kennen, a kengem anere Land ass de Prozentsaatz vun auslännesche Schüler esou héich ewéi bei eis.

Déi Leit, déi elo mengen, mir missten einfach eis auslännesch Schüler aus de Resultater eraushuelen, da wire se méi richteg, déi iiren sech:

1) Och wa mir eis auslännesch Schüler erausrechnen sin eis Resultater nach extrem mëttelméisseg (Tab. 4.4 an Fig. 4.5 Säit 88 vum rapport national).

2) Déi 40% auslännesch Schüler sin eng Realitéit. Si sin an eise Schoulen. Si sin zu engem groussen Deel zu Lëtzebuerg gebuer, hun Rechter a Pflichten an dësem Land a waerten och zum allergréissten Deel hei wunnen a schaffen bleiwen. Dës Schüler erausrechnen heescht de Kapp an de Sand steechen. D’Lëtzebuerger Schoul huet Verpflichtungen vis-à-vis vun all hiere Schüler an nit nëmmen vis-à-vis vun engem Deel vun hinnen.

An der Schoul gët virun allem mat Sprooch geschafft, an d’sproochlech Viraussetzungen sin an eise Schoulen denkbar komplizéiert.

Mir hun zu Lëtzebuerg och reagéiert: Mir sind dat eenzegt Land an Europa, an ech ging esou guer mengen op der Welt, wou d’Schoulpflicht schons mat 4 Joer ugeet. Mir hun Strukturen vun enger schoulescher Fréierzéiung opgebaut, wou et allerdings nach ganz vill Ënnerscheder iwwert d’Land gët, dat alles mam Ziil vun enger méiglechst gudder sozialer a sproochlecher Integratioun.

Mir haten hei an der Chamber een débat d’orientation sur l’école d’intégration, den 29. November 2000, an hei an der Chamber gouf am Kader vun dëser Debatt eng Motioun mat 24 Punkten ugeholl.

D’Importenz an d’Komplexitéit vun der Scolarisatioun vun auslänneschen Schüler huet an der lescht nit ofgeholl mee éischter zougeholl, an duerfir, Här President wëll ech iech eng éischt Motioun iwwerreechen, wou mir méi Moyenen froen fir d’Integratioun vun deenen auslänneschen Schüler an eise Schoulen ze begleeden.

Enner aanerem misst dee Service am Ministère de l’Education nationale, „qui a pour mission d’accompagner la scolarisation des enfants étrangers“ ausgebaut gin. Déi gudd Aerbecht vun deene verschiddenen Mediateuren, déi hier Dingschter am schouleschen Kader ubidden, soll och nach vill méi ee breede Raum kréien.

All Schoulsystem ass ee komplexen an och schwéierfällegen Apparat. Vu déi schlecht Resultater an déi speziell Situatioun zu Lëtzebuerg, erlaaben ech mir, Här President, iech eng 2. Motioun am Numm vu menger Fraktioun hei z’iwwerreechen.

An der Motioun froe mir, fir den Service de Coordination de la Recherche et de l'Innovation pédagogiques et technologiques (SCRIPT) personnell ze verstäerken an d’Missiounen vum SCRIPT méi kloer z’emräissen. Mir schreiwen an eiser Missioun vun engem „affinement des missions du SCRIPT. Mir mengen nit, dass zur Zäit eppes um Gesetz vum 7. Oktober 1993 wou den SCRIPT geschaf gouf misst geännert gin. Dem SCRIPT seng Missiounen sin allerdings mat der Zäit ëmmer méi grouss gin, ech denken z.B. un de volet formation continue, datt et bestëmmt derwärt ass, een neien Organigramm opzestellen an verschidden Aufgabeberäicher nei z’emräissen. Et wier och bestëmmt un der Zäit, een „Institut de la Formation continue des enseignants“ ze schafen.

Mir sin och der Meenung, datt déi pädagogesch Fakultéit vun der Uni Lëtzebuerg misst méi Mëttelen zur Verfügung kréien, fir déi spezifesch Analysen a Grondsaatzfuerschungen duerchzeféieren, déi nëmmen hei zu Lëtzebuerg kënne gemet gin, well se enk mat eiser sprochlecher Situatioun zesummen hänken.

D’Resultater vun eise Schüler bei der PISA’a Etude sin mam OCDE Duerchschnëtt verglach, mëttelméisseg, am europäeschen Verglach ganz einfach schlecht. Aus der PISA Etude get ervir, datt vill Länner, déi virun 30 – 40 Joeren weltwäit e Virsprong haten, wat d’Bildung an d’Ausbildung vun hiren Awunner uget, d’USA a Westeuropa, am Gaang sin dëse Virsprong ze verléieren oder schons verluer hun. Haut sin niewend Finland Länner ewéi China, Südkorea, Japan, Kanada déi Länner mat dene performansten Schoulen.

Elo wier et jo dann eigentlech un der Zäit, fir d’Lissabon-Strategie mat hierer Fuerderung no allerbeschten schouleschen Leeschtungen ze beméihen.

Dobäi wosste mir schons virun der Lissabon-Strategie, datt d’Wëssen déi wichtegst Ressource an eisem Land ass. Wien sech den héchsten Liewensstandard, dat beschten Sozialsystem, déi performanste Wirtschaft leeschte wëll, dee muss och dee beschte Bildungssystem hun.

Eise Schoulsystem ass ee vun deenen deiersten. Datt schingt mir normal ze sin, am engem vun deenen räichste Länner vun der Welt. De Prozentsaatz vum PIB dee mir an eis Schoulen investéieren läit awer mat 4,1% däitlech ënnert deem vun eise Nopeschlänner.

Dat ass allerdings erëm haaptsächlech drop zréckzeféieren, datt eis Uni nach eréicht am Opbau ass, an an der année de référence (2003) nach inexistent war. Och wann an der Schoul bestëmmt nit all Problem mam Scheckheft ze léisen ass, musse mir och an Zukunft nach méi an eis Schoulen investéieren.

Bei dëser Gelenheet wëll ech drun erreneren, datt mir hei zu Lëtzebuerg, wa mir iwwert Schoulen an eis Université du Luxembourg schwätzen, och eng Kéier iwwert Bildung solle schwätzen anstatt ëmmer nëmmen vun Exzellenz, Nischen a Carrièren beim Staat.

Wann zu Lëtzebuerg 20% vun de Schüler a Schülerinnen absolut ongenügend Kenntnisser an Mathematik an a Sciencen hun, da musse mir eise Schoulsystem a Fro stellen.

Am rapport national zu PISA 2003 steet op der Säit 18: «Dans les conclusions qui doivent servir de base à la prise de décision politique … PISA 2003, avec la culture mathématique comme domaine majeur d’évaluation, permet de dégager des conclusions directement applicables à divers aspects du programme scolaire.»

Dat huet eis dozou verleed, eng 3. Motioun ze verfaassen. Bei PISA 2000 hun d’Schüler d’Matheaufgaben op Franséisch missten maachen. 2003 hun se dierfte wielen, an 80% hun déi Däitsch Sprooch gewielt. D’Resultater sin vun 446 op 493 Punkten erop gaangen. 47 Punkten méi, haaptsächlech duerch de Sproochgebrauch z’erklären! Mir froen an eiser Motioun, datt ënnersicht gëtt, wat derfir an wat dergéint schwaetzt, de Mathes-Unterrecht am Secondaire op Däitsch ofzehalen. Weider froe mir, dat de Mathes- an de Sciencen Unterrecht mussen ënnersicht gin, op déi Verloschter déi festgestallt gi sin, wann eis Jonker hiir theoretesch Kenntnisser sollen an d’Praxis ëmsetzen.

D’Resultater an der „Lesefertigkeit“ sin nach manner gudd wéi déi an der Mathe an an de Sciencen. 22,7% vun eise 15 järesche Schüler leien op esou enger déiwer Wëssensstuf, datt se no der Definitioun vun der OCDE fir de life-long-learning Prozess riskéieren verluer ze goen. Wann een awer weess, datt schoulesch Bildung de Schlëssel fir op den Aerbechtsmaert, an och déi beschte Profilax géint Aerbechtslosegket ass, da mussen dach bei esou Zuelen sämtlech Alarmluuchten an –sirenen ugoen!

An eiser 4. Motioun verlaange mir d’Ausschaffen vun engem konkrete Konzept wat d’Léieren vun de Sproochen uget, ee Konzept, dat esou wuel vum Wëssen vum eenzelne Schüler ewéi vun den Exigenzen vun deene verschiddenen schouleschen Filièren ewéi vun den Ufuerderungen déi vun verschiddenen Beruffer kommen, ausgeet. Et wier un der Zäit, eis Schüler fir hiere Sproocheräichtum ze belounen, an nit ëmmer ze bestrofen. Mir hu Kanner a Jugendlecher, déi 3, 4 oder nach méi Sproochen kënnen, a mir bestrofen se, well si nit an all dëse Sproochen op ee Stadium vun Exzellenz kommen.

An deene leschten Johrzingten huet d’Schoul et nit verpasst, aus all gesellschaftlechem Problem och ee schouleschen ze maachen. Jidfereen klappt an der Schoul un, fir säin Uleies och nach ënnerdaach ze kréien: Extrem wichteg Saachen, ewéi gesond Ernährung, Sécherheet am Verkéier, Drogenproblematik, Gläichberechtegung mussen sech niewend Sproochen a soss Unterrecht quétschen. Och déi traditionnell Schoulfächer, déi soi-disant „basics“ sin mat de Joeren gewuess.

An eiser 5. Motioun froe mir eng kritesch Evaluatioun vun de Quantitéiten déi enseignéierten gin. An dëser Motioun, déi sech méi allgemeng mat der pädagogescher Praxis an eise Schoulen befaasst, froe mir och d’Schafung vun engem «Centre de documentation des projets pédagogiques». Dat gët et jo schons zum Deel um SCRIPT. Mir mengen allerdings sou een Centre misst vill méi aktif op d’Schoulen kënnen duer goen, Reklamm maachen vun Projeten déi gudd funktionnéieren, warnen vu Saachen déi riskéieren vill Energie ze kaschten a kee Rendement ze hun. Wann zu Déifferdeng innovativ geschafft gët, da weess zu Schëffleng kee Mënsch wat leeft. Zu Rodange, zu Recken, zu Housen, zu Miersch iwwerall gët et Leit an eise Schoulen, déi engagéiert an innovativ schaffen. Kommt mir vernetzen se! Da gëlt selbstverständlech och fir d’Lycéen.

Déi Gréng sin der Meenung, datt mir eise System vun Evaluatioun an Certificatioun an de Schoulen mussen iwwerdenken. Et ass eng Tatsaach, datt eis Schoulklassen ëmmer méi heterogène gin. All Kand soll an der Schoul schaffen a kee Schüler soll kënne soen: Hei langweilen ech mech ze doud, well ech dat schons alles kann, an och nit: ech brauch nit méi no ze lauschteren well ech souwisou näischt verstin. Een individualiséieretn Unterrecht klappt esou laang gudd, bis déi éischt Zensur muss geschriwwen gin.

Mir sin der Meenung, datt d’Schoulen op hiirem Wee zu méi Autonomie solle begleed gin a genügend Moyenen zur Verfügung gestallt kréien.

Komme mir dann zu den Enseignanten. (Am Préscolaire schaffen ongeféier 1000 Leit (75% bevretéiert). Am Primaire sin et der 2600 (80% brevetéiert), ronn 60 am spécial (68% brevetéiert), 150 gin cours d’appui an nach eng Kéier 150 sin Surnuméraire (27,5% brevetéiert). Ronn 4000 Leit enseignéieren am Primaire, knapp 500 an der Ediff, 3300 am post-primaire. Huele mer dann och nach d’Direkteren, d’Inspekteren, de Ministär selwer, an ech sin iwwerzeecht, datt ech nach e puer Nischen vergiess hun, da stelle mer fest, dat wäit iwwer 8000 Leit am Enseignement schaffen.) Aus eegener Erfahhrung wees ech, datt de Beruff vum Enseignant e ganz schéine Beruff ass, awer och een zimlech haarden.

Domat sin ech bei der Motioun Nummer 6.

Mir mengen, datt déi grouss Erausfuerderungen déi un d’Enseignanten gestallt gin, am beschten kënnen ugeholl gin, wann mir vum Eenzelkämpfer erofkommen, an geziellt op Kommunikatioun an Gruppenaerbecht hischaffen.

Wann een déi speziell Situatioun déi mir nun eemol zu Lëtzebuerg hun bedenkt: 3 offiziell Sproochen, 40% auslännesch Schüler, da kënne mir nit verstoen, datt d’Dauer vun der Ausbildung vun eise Leit am Primär déi kierzt ass an Europa. Mir sin der Meenung, datt eng Formatioun Master fir d’Enseignanten vum primaire a préscolaire hei zu Lëtzebuerg eng Noutwendegkeet ass, a mir hun och nit vill Verständnis fir dat Gespills mat engem bachelor + wat am Moment gedriwwe gët.

Niewend enger gudder Grondausbildung verlaange mir awer och eng gudd Weiderbildung. (Aus de Statistiken vum Ministère get ervir, datt sech ëmmer méi Leit an Weiderbildungscouren aschreiwen. Am Detail gesäit et awer nit méi esou gudd aus. Aus enger Äntwert vun der Madame Minister op meng Question parlementaire vum Februar get ervir, dat zwar 4666 Aschreiwungen d’éischt Semester 2004-2005 waren, eng Rei Leit awer an méi ewéi an engem Cours ageschriwen waren. Insgesamt waren an dem Semester 1957 verschidden Enseignanten, dat ass knapp ee Véierel vun en alleguer, an enger formation continue ageschriwwen. Vun deenen 323 Formatiounen déi ugebueden goufen, sin der 65 annuléiert gin, dann sin emmerhin 20%, well keen Interessi do war. Déi beléiwsten Couren sin nit onbedingt déi relevantsten fir d’Schoul.)

Mir bleiwen derbäi, datt dës Weiderbildung och een obligatoresche Volet soll hun, an deels an der Aerbechtszäit awer och ausserhalb vun de Schoulstonnen soll sin. D’Formation continue kann a Form vu Coursen an Seminaire funktionéieren, si kann awer och, an dat ass mir ganz wichteg, am Kader vun engem projet pédagogique, engem groupe de travail oder engem projet de recherche oflafen!

Här President, dir Dammen an dir Häeren, och schons virun der PISA-Etude wosste mir et: Eis Schoul ass sozial ongerecht. Kanner aus sozial benodelegte Milieuen hu weltwäit méi Problemer an der Schoul ewéi Kanner aus der sougenannter Uewerschicht. Zu Lëtzebuerg ass déi Benodelegung e bëssen méi kleng wéi an eisen direkten Nopeschlänner, awer signifikant méi grouss ewéi an villen anere Länner: Finnland, Kanada, Island…

Schwätzt mat de Servicer, schwäetzt mat den Enseignanten: Et gët eng ganz grouss Zuel vun „spraachlose Kanner“, déi an eis Schoule kommen: Auslännesch Kanner, déi kee Lëtzbuergesch kënnen, wa si an d’ Spillschoul kommen, Lëtzebuerger an auslännesch Kanner, déi sech an hiirer Mammesprooch extrem schlecht artikuléiert kréien.

An der Literatur gin ganz vill Beispiller ugefouert, wéi déi gesellschaftlech Entwécklung d’Kandheet verännert huet. Ech wëll iech hei nit ploen mat engem Exposé iwwert den Afloss vun Televisioun an aner Medien op d’Kanner, och nit iwwert Peergroup, Publicitéit, Fräizäit a Spaassgesellschaft referéieren.

Ech erlabe mir awer, eng Kéier drop hinzeweisen, datt mir an eise westleche Kulturen schon längst den Tugenden, déi eis Elteren a Grousselteren héich gehalen hun, z.B. spueren an bescheide sin, Äddi gesot hun zugonschten vun enger Ideologie vum Konsum: Eise Wuelstand berout op enger Doktrin vum permanenten, leider och nach oft ondifferenzéierte Konsum, dee vum fraie Maert gefördert a gefuerdert gëtt. Selbstverständlech huet dat Auswierkungen op d’Sozialisatioun vun eise Kanner. An dësem Kontext wëll ech hei ee Saatz vum Herrmann Giesecke zitéieren, een eeleren Här aus Däitschland, deem een nu wierklech nit ka virwerfen, hie wier ee modernen Kuscheleck-Pädagog: „Den Markt interessiert nicht, ob etwas im pädagogischen Sinne „gut“ für das Wohl des Kindes ist, ihn interessiert nur, was an Kinder … verkauft werden kann.“ Wann dir nach ee Beispill braucht, fir dës Ausso z’illustréieren da gin ech iech eent: Alcopops, ee schädleche Produit, dee just erfond gouf fir Suen op Käschte vun der Gesondheet vun eise Kanner ze verdingen.

Ech gin iech nach e puer Beispiller, déi aussoen, datt och hei zu Lëtzebuerg gesellschaftlech Verännerungen stattfond hun, déi eng Unterrechtspolitik matt enger „back to“ Doktrin vun vir eran als ineffizient qualifizéieren.

Iwwert déi demografesch Ännerungen vun deene leschte Joerzingten hun ech schons genuch gesot, do kommen ech elo nit méi drop zréck.

Och zu Lëtzebuerg sin d’Familiestrukturen am Wandel. D’Leit bestueden sech méi spéit a loossen sech méi fréi scheeden. 1900 haten mir zu Lëtzebuerg eng Scheedung op 200 Hochzäiten, 1950 eng Scheedung op 20 an haut eng op 2 Hochzäiten. D’Zuel vun de Kanner déi mat engem Elterendeel am Haushalt auskommen mussen gëtt ëmmer méi grouss. D’Zuel vun den Haushalter wou déi 2 Partner schaffe gin gëtt ëmmer mi grouss, an dat gët och an der Lissabon-Strategie als richteg betruecht.

D’Schoul ass fir vill Jonk haut eppes wéi eng salle d’attente, wou relativ wéineg passéiert, a wou sech, wa si Gléck hun e puer léiw Matreesender afannen. Si warden di ganzen Zäit drop, datt een Zuch kënnt, dee si matt op eng Plaatz hëllt, wou et eppes Neies a Spannendes z’erliewe gëtt. De Problem as, datt hinnen d’Zäit laang gëtt, a munnech een freet sech, op iwwerhapt je een Zuch kënnt.

D’Schoul kann gesellschaftlech Problemer nit alleng léisen. D’Schoul gët awer all Daag mat Problemer, déi ee gesellschaftlechen Uursprong hun, konfrontéiert, an et hëlleft näischt, dës Problemer z’ignoréieren. Esouguer wann d’Hauptaufgab vun der Schoul d’Wëssensvermëttlung ass, da muss si den noutwendege Klima schaafen, fir iwwerhaapt d’Chance ze kréien zur Wëssensvermëttlung ze kommen.

Duerfir Här President gin ech Iech elo d’Motioun 7 vun der Grénger Fraktioun wou mir d’Regiirung opfuerderen, een Netz vun Ganzdaachsschoulen fir di ganz Schülerpopulatioun ze schaafen, derfir ze suergen datt an de Schoulen eng méiglechst grouss Mixitéit vu Schüler a Schülerinnen vun allen sozialen Milieuen an Nationalitéiten ass, an d’Servicer an d’Infrastukturen an eise Schoulen, besonnesch am régime préparatoire däitlech ze verbesseren. Vu déi vill verschidden gesellschaftlech Verännerungen an hiir Auswiirkungen op d’Schoul, schingt et eis och richteg a wichteg ze sin, d’Schoulen fir anner Beruffsgruppen am erzéieresche Beräich op ze maachen. Dat daerf awer nit zu engem Niewendeneen vu verschiddenen Beruffsgruppe féieren. Nëmmen ee kooperativt Mateneen vun allen neien an alen Schoulpartner kann zu enger Verbesserung féieren. Ech kommen nach eng Kéier a menger leschter Motioun kuerz op dëse Punkt zréck.

D’Motioun 8 léisst sech ganz schnell resuméieren: Kommt mir stellen eisen „dreigliedrigen“ Schoulsystem, wéi et en nëmmen zu Lëtzebuerg an an däitschsproochegen Länner gët, a Fro., Ech gin just zwee Argumenter un, fir eis Motioun 8 ze begrënnen.

1) Mir trennen schéi propper, spéitstens nom 6. Schouljoer, eis Schüler op an enseignement secondaire, enseignement secondaire technique an régime préparatoire. Mir maachen dat, well eis politesch Majoritéit joerzingtelaang gegleewt huet, datt mir esou eis staark Schüler an och eis schwaach Schüler am beschten gingen förderen. Elo stelle mer fest, datt mir iwwerduerchschnëttlech vill schwaach Schüler hun, an, datt eis staark Schüler op denen héichsten niveaux de compétences iwwerduerchschnëttlech schlecht vertruede sin. Och wa mir eis nach selwer ee Boni wéinst eisem Mammesproochendefizit an de Schoulen ausstellen (ech selwer halen allerdings guer a glat näischt dovunner) stelle mer fest, datt et mat der Exzellence an eisem enseignement secondaire nit esou faméis ass.

2) Wann een dann nach gesäit, datt déi Länner déi bei PISA vill besser ofgeschnidden hun, sech ee Schoulsystem geschaf hun, deen nit nëmmen méi performant ass ewéi eisen, mee och nach sozial méi gerecht ass, gin ech devun aus, datt dir, léiw Kolleginnen a Kollegen iech nit aus ideologeschen Grënn géint offensichtlech begrënnten Reformen ausdrécke waert, an eis Motioun matstëmme waert.

An mengem leschte Punkt fir haut de Mëtten, wëll ech virun allem op d’Questionnairen agoen, déi en annexe zum PISA-Test duerchgefouert gi sin. Ouni an den Detail ze goen, stellen ech fest, datt d’Relatioun Schüler Proffen esou wuel vun de Schüler ewéi och vun de Schouldirektoren als nit immens bezeechend gët. Ech stellen och fest, datt eis Schüler iwwerduerchschnëttlech wéineg un sech selwer an und dat Fach wat si enseignéiert kréien gleewen. Ech gin dervun aus, datt eng vun deene ganz wéinege Méiglechkeeten eng Rei Schüler vun hiirer Sall d’attente-Attitude ewech zekréien ass, hinnen méi Matgestaltung an der Schoul zouzegestoen. Partizipatioun ass eng ganz wichteg Saach, awer och eng ganz komplizéiert Geschicht. Eng Kultur vun Zesummentreffen an Zesummenschaffen an eise Schoule hu mir nit. Mir mussen schrëttweis drop hischaffen, een Dialog an eise Schoulen ze kréien. Ech weess, datt eng ganz Rei Enseignanten eng ganz engagéiert an gudd Elterenaerbecht maachen. Ech weess och, datt eng Rei Schoulen ganz grouss Efforten an déi richteg Richtung gemeet hun. Eischt Schrëtter si gemet, mee et bleiwt nach ee laange Wee ze goen. Duerfir eis Motioun Nummer 9, wou mir eis dervir asetzen, all Partner vun de Schoulen fir hier Aerbecht ze responsabiliséieren: D’Schüler, d’Elteren, d’Enseignanten.