De René Worré geet a Pensioun

20. Décembre 2004

Am Januar dëst Joer ass eisen Éierepresident, de Worré’s Ren a Pensioun gaang. D’FGIL wëllt him op dësem Wee Merci soen, fir alles wat hie während Jorzéngte fir d’Schoulmeeschtere gemaacht an erreecht huet. Während iwwer 20 Joer wor de Ren Stader Delegéierten. Ënnert sengem Impuls goufen e.a. de Secteur unique, de libre Choix bei de Permutatiounen, d’Formation continue an d’Reglement vum Comité de Cogestion duerchgesat. Besonnesch beléift bei alle Kollege mee gefaart vu ville Politiker wore seng kämpferesch Discoursen, wou hien d’Schoulmeeschter ëmmer nees fir fortschrëttlech Iddie begeeschtere konnt. Während 17 Joer ( vun 1983 bis 2000 ),wor de René e kompetenten an dynamesche President vun der FGIL .

Merci Ren, an eng schéi Pensioun!

De Comité vun der FGIL