Visite vun der Privatbeamtechamber

15. Octobre 2004

E Mëttwoch, den 13. Oktober 2004 huet eng Delegatioun vum Conseil d'Administration an den Delegéierte vun der FGIL, ob Invitatioun vum Jean-Claude Reding, d'Privatbeamtechamber an der rue de Bragance besicht.

De Jean-Claude Reding, als President vum der CEP-L, begleet vum Daniele Nieles, 2. Vizepresidentin an den Hären Norbert TREMUTH, Direkter, a Roger MELMER, Sous- Direkter, huet et sech net huele gelooss, dem Conseil d‘Administratioun an den Delegéierte vun der FGIL d‘Missiounen an de Fonctionnement vun der Chamber ze erläuteren an op d‘Wichtegkeet an de Roll vun der CEP-L hinzeweisen. Besonnesch beandrockt woren d‘FGIL-Leit vun der Envergure vun de Formatiounscouren, déi vun der CEP-L ugebuede ginn. Bei den Diskussiounen a beim uschléissende Patt huet sech gewisen, dat eng Collaboratioun, am Kader vun der Formation Continue, mat der CEP-L fir d‘FGIL, déi sech an der Formation Continue vun de Kollegen engagéiere wëllt, eng interessant Optioun duerstelle géif.

>> photos