Jean-Claude Reding - Präsident vum OGB-L

27. Novembre 2004





Um Kongress vum 26. a 27. November 2004 gouf de Jean-Claude Reding zum Nationalpräsident vum OGB-L gewielt. Mir sin an der FGIL houfreg, dat dës wichteg Präsidentschaft eisem Beruffskolleg uvertraut gouf.



De neien OGB-L Präsident, vu Beruff Schoulmeeschter, huet seng éischt syndikalistesch Erfahrungen an der FGIl an duerno am SEW gesammelt.



De Jean-Claude Reding as och weiderhin Sekretär vum Comité vun der FGIL, wou seng wertvoll Mataarbecht am Déngscht vun der ëffentlecher Schoul eis op ville Punkte weiderhëlleft.

De Comité an d'Memberen vun der FGIL wënschen dem Jean-Claude Reding vill Erfolleg a Satisfaktioun un der Spëtz vum OGB-L.