OGB-L: Meeting politique du 1er mai à Differdange

09. Mai 2008

De Jean-Claude Reding, President vum OGB-L, an senger Ried zum 1. Mee iwwert d'Revalorisatioun vun der Carrière vun den Enseignant aus dem Préscolaire, dem Primaire an dem Préparatoire

(...)

Wann ee vu Beschäftigungspolitik, vu Chancegläichheet, vun Zukunftspolitik schwetzt, da schwetzt een och vu Bildungspolitik. Virun 10 Joer huet den OGBL sei bildungspolitesche Programm erneiert. Et stellt ee fest, datt munch Iwwerleeunge vum OGBL Agang a Reformprojetë fond hunn, mä et bleift awer nach vill ze maachen. Mir hunn op kloer Zielsetzunge gedrängt. Kee Jonke soll d’Schoul ouni Qualification professionnelle verloossen. D’Chancegläichheet, d’Infrastrukturen, d’Matsproocherecht, d’Unterrichtsmethoden an d’Unterrichtsinhalter, d’Sproochesituatioun, d’Formatioun, d’Aufgaben an de Rôle vun den Enseignantën waren d’Haaptthema vun eisem Programm. Den OGBL huet schons öfters ënnerstrach, datt Reformen am Bildungswiesen an Zesummenaarbecht mat dem Léierpersonal gemaach solle ginn. D’Léierpersonal aus dem Préscolaire an dem Primaire, mais awer och d’Educateuren an d’Gesondheetsberuffler, erwaarden zu Recht, op Grond vun hirer Formatioun an hirer Responsabilitéit, eng berufflech Carrière, déi deem Rechnung dréit. D’Regierung huet unerkannt, datt d’Aarbecht, d’Responsabilitéit, d’Aufgaben an d’Formatioun vun der Léierin a vum Schoulmeeschter eng Opwertung vun hirer Carrière rechtferdegt. D’Gewerkschafte vun den Enseignantën hu sech fir d’Emsetzung vun der geplangter Reform vum Enseignement primaire engagéiert a si bereet zousätzlech Aufgaben an d’Aarbecht vum Enseignant z’intégréieren. Am Moment leeft eng Conciliatiounsprozedur. Den OGBL hofft, datt et do zu engem positive Resultat kënnt. Eng Schoulreform soll a muss an engem Klima vun Opbroch, Enthusiasmus geschéien. Dat ass nach méiglech z’erreechen, wann et zu engem gudden Accord kënnt.
(...)


>>< Lire tous le discours du président <<<