Discours de Monsieur John Castegnaro lors du débat sur PISA II à la Chambre des Députés le 15 mars 2005
15. Mars 2005Här President, Madame Minister, Kolleeginnen a Kolleegen, ech wëll mech dann un deem Frontalunterrecht vun haut de Mëtteg bedeelegen, mech deem uschléissen an der Hoffnung, dass et méiglech ass dann awer déi richteg Konklusiounen ze zéien a virun allem déi dann och ëmgesat ze kréien am Interesse vun der Schoul a vun de Kanner.
Sécherlech, no PISA I ass PISA II e weidere Bestanddeel vun enger neier Gespréichsronn iwwert d’Stäerkten an d’Schwächte vun eisem gesamte Schoulsystem. Mir sollten dës Debatt awer esou féieren, dass mer déi Analys vun eisem Schoulsystem zukunftsorientéiert féieren, dat heescht net mam Bléck zréck. Dat heescht och keng Scholdzouweisungen a lamentéieren, mä de Bléck an d'Zukunft mat der Gewëssheet, dass mir als Parlamentarier eng riseg Responsabilitéit ze droen hu vis-à-vis vun eiser Jugend, mä och vis-à-vis vun der ganzer Gesellschaft, awer och eng sozial a wirtschaftlech Responsabilitéit dësem Land a senge Mënsche géintiwwer, iwwert den Thema Schoul eraus, ze droen hunn.
Dee beschte Schoulsystem ass méi wéi jee de Schlëssel zum Erfolleg, ass d’Ausgangsbasis dofir, dass Lëtzebuerg sech an der Europäescher Unioun vun de 25, mä awer och an der industrialiséierter, globaliséierter a mondialiséierter Welt behaapte kann. Och do geet et ëm d'Interesse vun de Mënschen a vun dësem Land. En Erfolleg vun der Schoulpolitik ass déi beschte Basis, awer och d’Viraussetzung fir Chancëgläichheet a fir sozial Kohärenz an eiser klenger a multikultureller Gesellschaft.
Mir si méi wéi jee, Kolleeginnen a Kolleegen, zum Erfolleg verdaamt a mir hunn et hei zu Lëtzebuerg a villen anere Beräicher an der Vergaangenheet fäerdeg bruecht iwwer politesch, ideologesch a reliéis Ënnerscheeder ewech d’Erausfuerderungen unzehuelen, gemeinsam unzegoen an entspriechend Léisungen ze fannen. An de Wonsch ass deen, dass et an der Schoulpolitik och esou misst sinn.
Mir musse parteieniwwergräifend mat allen Acteuren, dat heescht och mat de Familljen, mat de Kanner, mat de Schüler, mat de Gewerkschaften, mam Patronat dëst Land zeideg maache fir d’Wëssensgesellschaft.
Dofir brauch een e staarkt Partenariat, wat kritesch awer décidéiert déi schoulpolitesch Weichestellung virhëlt, fir dass all déi, déi zu Lëtzebuerg liewen a schaffen, eng Chance hunn, fir am Konkurrenzkampf mat der Wëssensgesellschaft aus anere Länner, mä och am Konkurrenzkampf, deen ëmmer méi haart gëtt, ëm déi eenzel Aarbechtsplaz, och am eegene Land, fir do eis kënnen ze behaapten. An dat ass net géint d'Grenzgänger geriicht, mä dat ass eng Fro vu Chancëgläichheet. Eis Mënsche mussen déiselwecht Chancen hu wéi all déi aner, fir kënnen ze iwwerliewen.
Mä och d'Zukunft vum Wirtschaftsstanduert Lëtzebuerg ass eppes wat ee muss zesumme gesi mat der beschter Schoul-, Beruffs- a Weiderbildung, an duerfir sollte mer keng Zukunftsängschte verbreeden, mä mir sollten dat upaken a mir sollten och dat vermëttelen, wat eis Leit brauchen, nämlech keng Angscht virun der Zukunft a virum Beruffsliewen ze hunn. A mir mussen eis drusetzen, well de Wirtschaftsstanduert attraktiv muss bleiwen. Attraktiv, soen ech ëmmer erëm, duerch de beschte Schoulsystem, deen dann erëm eng Kéier héich sozial Standarde garantéiert, mä och soziale Fridden an domat eng staark a solidaresch Kohärenz duerch ebe Chancëgläichheet queesch duerch eis Gesellschaft.
A mir hunn, Här President, Kolleeginnen a Kolleegen, e Potenzial dofir a mir hunn d’Méiglechkeeten an d’Viraussetzungen, an déi sollte mer notzen. Mir sollten am Konsens versichen d'Léisungen ze fannen an net an der Rechthaberei oder am Géinteneen, well dat geet op Käschte vun eise Kanner. A mir sollte wëssen, dass e liewenslaangt Léieren eng Konditioun, eng Viraussetzung méi wéi jee ass, fir sécher, gutt bezuelten a konkurrenzfäeg Aarbechtsplazen ze kréien.
Mir riede jo scho laang net méi nëmmen iwwer PISA, mä mir schwätzen am Endeffekt, Kolleeginnen a Kolleegen, iwwert d’Roll an de Stellewäert vu Lëtzebuerg an der Europäescher Unioun a mir schwätze vun der Europäescher Unioun an hirem Stellewäert am Konkurrenzkampf mat anere Kontinenten a Wirtschaftsimperien.
An dat féiert mech zur Lissabon-Strategie vun 2000, an dat gëllt och fir déi ugepasste Strategie vu muer, déi weiderhin d’Wëssensgesellschaft als eng éischt Prioritéit gesäit. Och well déi 450 Milliounen EU-Bierger, an dovu 450.000 Lëtzebuerger an Netlëtzebuerger, deen eigentleche Räichtum an där EU duerstellen. Dat mënschlecht Kapital, wa richteg an dat investéiert gëtt, da bitt et d'Garantie fir kompetitiv ze sinn, fir innovativ ze sinn, fir qualitativ ze sinn an domat Wirtschaftswuesstum, Nohaltegkeet an Innovatiounscapacitéiten ze erméiglechen, am Beräich vun der Recherche am Allgemengen, mä och an der Ëmwelttechnologie am Besonneschen. Dat ass och eng wesentlech Viraussetzung fir d’Erëmhierstelle vun der Vollbeschäftegung.
Mir lamentéieren, kräischen zu Recht iwwert dee milliounefache Chômage an der Europäescher Unioun an och dee wuessende Chômage bei eis. Wa mer eng gutt Schoul hunn, déi bescht Schoul hunn, da brénge mer et fäerdeg bei eis an an deenen aneren europäesche Länner, d’Vollbeschäftegung erëm hierzestellen, Fridden ze garantéieren, soziale Fortschrëtt ze garantéieren. Mä mir bréngen et och esou fäerdeg, de Riets- an de Lénksextremismus ze verhënneren. An duerfir si mer alleguer gefuerdert. Dat sollte mer eis bewosst sinn, an eis och esou uleeën.
Här President, Kolleeginnen a Kolleegen, mir sinn der Meenung, dass mer all an eiser Gesellschaft de Reformwëllen, dee jo awer erkennbar ass, sollte positiv ugoen. An dat gëllt och fir déi Diskussioun, déi elo ufänkt, iwwert déi noutwendeg an iwwerfälleg Reform vum Schoulgesetz vun 1912. Dat gëllt och fir de Pilotprojet „Neie Lycée”. Dat gëllt och fir déi positiv Erfahrungen, déi mer am Précoce gemaach hunn, déi menger Meenung no ze generaliséieren sinn an, firwat net, obligatoresch ze maache sinn. Natierlech mussen dann d'Rahmebedingungen och stëmmen.
Dat gëllt och fir déi bescht Ausbildung vun eisen Enseignanten, an dat op héchstem Niveau. An d’Fro sollt gestallt ginn, firwat mer net méi och iwwert den Enseignant unique schwätzen, fir dass mer wierklech op héchstem Niveau Schoul kënnen halen an dass mer an alle Schoultypen Ausbilder hunn, déi d’Garantie fir eng optimal an zukunftsorientéiert Schoul garantéiere kënnen.
Jo, d’Schoulprogrammer mussen ugepasst a moderniséiert ginn, mä ech warnen och dervir, dass dat ëmmer op Käschte vun der realer Schoulzäit geet, déi net weider kann no ënne reduzéiert ginn. Ech wëll domat soen, d’Schoulprogrammer däerfen am Endeffekt net d’Affer gi vun enger Stonnen- oder Aarbechtszäitorganisatioun an eise Schoulen.
Här President, Kolleeginnen a Kolleegen, Lëtzebuerg huet a senger rezenter Vergaangenheet grousszügeg an d’Kultur, de Sport an d'Stroossen investéiert. Mir sollten nach vill méi grousszügeg si mat eisem gesamte Bildungssystem a mat all deenen, déi vun deem System betraff sinn. Et sinn dat déi richteg, wichteg an noutwendeg Investitiounen an d'Zukunft an domat och an d’Zukunft vun eise Mënschen. Dat gëllt och fir d’Erwuessenebildung, fir d’Beruffsausbildung. Dofir ass och d’Diskussioun iwwert d’École de la deuxième chance oder den zweete Bildungswee et wäert, dass se gefouert gëtt an dass mer Äntwerten dorop ginn.
Mä ech wëll een negative Punkt ervirsträichen: Zënter Wochen a Méint ginn d'Primë gestrach fir déi Leit, déi keng Chômageënnerstëtzung hunn, mä bereet sinn a sech ageschriwwen hunn an Erwuessenebildung, déi bis do ënnerstëtzt gi sinn a wou elo d’Ënnerstëtzunge gestrach gi sinn. Dat ass net de richtege Wee. Dat découragéiert déi an hëlt de Courage vun deenen, déi sech wëllen investéieren, fir och an der Zukunft eng Plaz an eiser Aarbechtsgesellschaft ze hunn.
Här President, Kolleeginnen a Kolleegen, mir brauchen e Wäissbuch. Ech weess, mir hu ganz vill Dokumenter, déi eis stéckchesweis soe wou mer dru sinn. Mä e Wäissbuch, wat global gesi misst Mängel, Schwächten, Réckstänn am Bildungswiesen opzeechnen. Ech mengen domat och en Inventaire betreffend déi schoulesch Infrastrukturen, mä respektiv och déi, déi feelen, oder déi, déi mangelhaft sinn. A mir brauchen eis op deem Gebitt wierklech net ze bretzen.
Mir bräichten eigentlech de Bau vun zwee Lycéeë pro Joer fir d’Capacitéiten ze kréien a fir den Nachholbedarf opgeschafft ze kréien.
Firwat maache mer net och ee Verglach mat den „best practices” an anere Länner? Mir mussen d’Rad jo net ëmmer nei erfannen. An der Privatwirtschaft gëtt de Benchmarking gemaach. Firwat kann een dat net och an der Schoul maachen? Obwuel ech weess, dass et geféierlech ass, wann Äppel riskéiere mat Bire verglach ze ginn.
Mä ëmmerhin e Wäissbuch oder en Inventaire kënnt eis prezis Opklärung ginn. Éischtens, wéi vill Schoulgebaier hu mer? Wéi vill a wéi schnell brauche mer zousätzlech Gebaier? Zweetens, wéi sécher a qualitativ sinn eis Schoulgebaier? D’Gefill vun der Sécherheet, vum noutwendege Raum, vun der Propretéit, vun der Qualitéit sinn och wichteg Deeler, wa Léiere Spaass soll sinn. De Contraire geschitt bei eis opgrond vu ville Mängel. Drëttens, wéi vill périscolaire Ariichtunge brauche mer? Ech menge Kantinnen, Crèchen, Openthaltsstrukturen. Wat däerfen se kaschten?
Wa mer den EU-Kritären, de Lissabonner Ziler wëlle gerecht ginn am Sënn vu méi „employability”, dat heescht permanent den Undeel vu Fraen um Aarbechtsmaart erhéijen, mä och den Alter insgesamt, de Rentenalter erhéijen - wat ech aneschters gesinn, wéi déi Leit dat do ëmschriwwen hunn -, da musse mer déi Infrastrukture schafen, well mer am anere Fall d’Liewensqualitéit vun eise Familljen a Fro stellen, well d’Chancëgläichheet riskéiert weider reduzéiert ze ginn. Mir brauchen Opfaangstrukturen, wou keng Zweeklassegesellschaft da besteet, mä wou jiddfereen eng Plaz muss fannen, wa mer all deenen anere Kritäre sollten oder misste gerecht ginn.
Véiertens, wéi vill a wat fir eng Enseignantë brauche mer? Här President, Kolleeginnen a Kolleegen, mir stinn ëmmer an deem Bildungswiese virun engem risege Chantier, dee wuel ëmmer eng Baustell wäert bleiwen. Mä ass et dann net och esou, dass d'Familljen, dass vill Leit an dësem Land d’Gefill hunn, dass d’Schoul bei eis zënter Joren en Experimentéierfeld ass an dass eis Kanner zu Versuchskanéngercher erofreduzéiert gi sinn?
Esou mécht d’Léiere kee Spaass, esou ass d’Vertrauen an d’Schoul net do, esou kënnen d’Resultater net gutt ginn, a mir sollten eis ëmmer erëm drun erënneren, dass et ëm Mënsche geet, ëm jonker an ëm aler, ëm Meedercher a Jongen, ëm Fraen a Männer, déi an alle Phasë vum Liewen haut Schoul a Form vu Schoul, vu Beruffsausbildung, Erwuessenebildung a Weiderbildung brauchen.
Wa mer d’Zukunftschancë wëlle garantéieren, da geschitt dat éischtens iwwer Chancëgläichheet, déi den Ausgangspunkt am gesamte Bildungs-, Ausbildungs- an an der gesamter Weiderbildungspolitik ass.
Mir brauchen zweetens eng Finanzpolitik, finanziell Moyenen, déi keng budgetär Aschränkungen erlaben. Natierlech huet alles e Präis oder kee Präis. Mir soen, d'Bildungspolitik, d'Schoulpolitik ka kee Präis hunn, och wa mer wëssen, dass et e Käschtepunkt duerstellt, an duerfir musse mer genausou dru schaffen, dass Effizienz garantéiert ass, dass dat Geld, wat zur Verfügung gestallt gëtt, an dat, wat mer nach brauchen, sënnvoll an nëtzlech agesat gëtt.
Drëttens, soen ech, an ech betounen dat, musse mer endlech d'Baulandspekulatioun upaken, fir dass mer déi noutwendeg schoulesch Infrastrukturen an der richteger Zäit kënnen opriichten. Kolleeginnen a Kolleegen, ouni et ze verdéiwen, et ass en Hohn, dass d’Kanner zu Lëtzebuerg a Container an d’Schoul ginn, wéi zum Beispill an der Schoul Jenkert. Dat ass en Hohn wou mer eis musse schummen, selwer musse schummen, dass et esou wäit huet misse kommen.
Véiertens, d’Qualitéit vun eisen Enseignantë muss déi bescht sinn. D’Uni Lëtzebuerg bitt hei eng Chance, déi mer net sollte verdinn.
Fënneftens, den Dialog, d'Partnerschaft mat all deenen, déi um Schoulsystem bedeelegt sinn, muss méiglech ginn. Vun de Kanner iwwert d’Elteren, d'Politiker, d'Gewerkschaften, d'Enseignanten, d'Patronen: All Acteure mussen hei gehéiert ginn a matschaffen.
Sechstens, d’Employability, d’Vollbeschäftegung, héich sozial Standarden, Kompetitivitéit, Innovatiounsgeescht, en attraktive Wirtschafts- a Finanzstanduert, alles dat setzt déi bescht Wëssensgesellschaft viraus, an et gesäit een a Länner wou dat fonctionnéiert oder besser fonctionnéiert, dass déi Investitiounen do an d’Mënschen sech fir d’Mënschen a fir déi Länner bezuelt maachen an dass d’Zukunftschancen ouni Zweifel do méi grouss sinn.
Här President, Kolleeginnen a Kolleegen, mir sollten duerfir méi iwwert d'Léisunge wéi iwwert d'Problemer schwätzen. Déi Problemer, déi dann optauchen, muss een dann och upaken. Mir sollten och net an de Feeler verfalen, elo schonn iwwert d’Gemengefinanzen ze lamentéieren. Wann d’Gemenge méi gefuerdert ginn, wann do méi Gerechtegkeet noutwendeg ass, och dat muss dann diskutéiert ginn. Esou wéi mat der Familljeministerin iwwert deen Deel muss diskutéiert ginn.
Mä mir mussen eis fir d’éischt en Zil, en Objektiv stellen. Wat wëlle mer erreechen? Wat musse mer erreechen? Da musse mer kucken, wéi déi Problemer, déi sech erginn, geléist kënne ginn. Alles dat féiert zu enger fundamentaler Reform, alles dat bedeit da Chancëgläichheet, a mir wëlle jo déi Chancëgläichheet. Mir wëllen, dass eis Mënschen an dëst Land eng Chance an der Zukunft behalen, an ech géing schlicht an einfach soen: Kommt mir lamentéiere manner, kommt mir kritiséiere manner, mä kommt mir paken et un!
Merci.
Plusieurs voix.- Très bien.