Cabaret "Märd alors!!!" den 21.03.19
07. Mars 2019Donneschdeg, den 21. Mäerz 2019
ab 19 Auer
am Café de la Place zu Bouneweg
No fofzéng Optrëtter uechtert d'Land,
an dat mat groussem Publikumserfolleg,
trieden déi zwee Artisten – Jhemp Hoscheit a Jules Arpetti –
mat hirer kabarettistescher Liesung
Donneschdes, den 21. Mäerz 2019 am Café de la Place zu Bouneweg op.
Umeldung online bis de 17. Mäerz
Nom 'Sorry fir den Duercherneen' (Réckbléck op d'Joer 2016)
ass et en neie satiresche Réckbléck an zwar op d'Joer 2018,
ënnert dem Titel: 'Märd alors!!!'.
Et ass eng ofwiesslungsräich kabarettistesch Liesung
iwwert dat, wat 2018 geschitt ass.
Dat vergaangent Joer gëtt ënnert d'satiresch Lupp geholl.
Den Auteur Jhemp Hoscheit huet eng bësseg Chronik geschriwwen,
an där déi national an international Aktualitéit mat vill Humor an Ironie,
kritesch a wuertwitzeg ënnert d'Lupp geholl gëtt.
Hien trëtt am Wiesselspill an am Dialog mam Museker a Gitarrist Jules Arpetti op,
deen net nëmme kabarettisteschen Textinterpret ass,
mee och mat Politsongen fir déi zousätzlech musikalesch Pointë suergt.
D'FGIL, den SEW/OGBL an d’Ligue de l’Enseignement,
an Zesummenaarbecht mat den Editions Guy Binsfeld,
proposéieren Iech dëse satiresche Spektakel.
De Restaurant Tomate-Basilic zerwéiert dobäi typesch lëtzebuergesch Spezialitéiten,
déi mat engem sizilianeschen Dessert
an engem norditalienesche roude Wäin ofgeronnt ginn.
Menü :
Ab 19 Auer :
Accueil mat enger Coupe Crémant an Amuse-bouches
1. Deel vum Programm
An der Paus :
Bouneschlupp à la luxembourgeoise accompagnée de Mettwurscht,
crêpe salée et baguette aux fines herbes à l'ail
ou
Ierzebulli aux pois cassés accompagné de lard fumé et Mettwurscht,
crêpe salée et baguette aux fines herbes à l'ail
ou
Pot-au-feu de légumes,
accompagné de crêpe salée et baguette aux fines herbes à l’ail (végétarien)
2. Deel vum Programm
Dessert :
Cannoli à la crème de citron faite maison
Café
Präis: 48 € pro Persoun
Umeldung online bis de 17. Mäerz
Et si genau 50 Plazen disponibel
De Café de la Place ass zu Bouneweg nieft der Agence Binsfeld op der Place du Parc.
Fir ze parke proposéiere mir d'Parkhaus Piscine Bonnevoie an der rue des Ardennes.