RTL.lu : "169 Mataarbechter ginn net detachéiert"

18. Octobre 2017

Aktuell läit eng Propos um Dësch, mat där den Educatiounsministère an d'Mataarbechter vun der Ediff liewe kënnen.



Den Dossier vun der Education différenciée hat jo an de leschte Woche fir vill Opreegung gesuergt. Mëttlerweil sinn Educatiounsministère a Mataarbechter vun der Ediff schonn e puer Mol zesumme komm, elo läit eng Propos um Dësch, déi béid Parteie begréissen. Dat geplangten Detachement vun 169 Mataarbechter ass vum Dësch, esou de Minister Claude Meisch.

Am Ufank sollten déi 169 Agente vun der Education différenciée, déi an den equipes multiprofessionelles geschafft hunn, temporär ënnert d’Autoritéit vum Regionaldirekter detachéiert ginn.

Fir d’Rentrée 2018 ass elo virgesinn, datt déi Education differenciée, wéi mir se haut kennen, ofgeschaaft gëtt. D’Equipes multiprofessionelles ginn zum Deel an de Fondamental schaffen, een aneren Deel awer an déi 9 Kompetenzzentren, déi geschaf ginn.

Den Educatiounsministère erhofft sech eng besser Betreiung fir d’Kanner. Ronn 900 Leit aus der fréierer Ediff a weider spezialiséiert Personal wäert fir d’Schouljoer 2018 um Terrain schaffen, dat op 3 Niveauen, direkt an de Schoulen, wou bis zu 150 spezialiséiert Enseignante schaffen, Personal aus der fréierer Ediff ënnert de Regionaldirektiounen an zousätzlech spezialiséiert Personal an de Kompetenzzentren. Dat fréiert Ediff-Personal ka selwer entscheeden, wou een an Zukunft wëll schaffen.

D’Personaldelegatioun vun der Ediff ass frou, datt een elo an dës Entscheedung agebonne gouf, eng Entscheedung déi ee begréisst.

An de leschte Woche gouf et vill Onrou am Dossier Ediff, eng Situatioun déi duerch matenee schwätzen, entlaascht gouf.

 Hei dat offiziellt Schreiwes vum SEW/OGBL/EEGED:

 

La mobilisation de l’EEGED et du SEW/OGBL a porté ses fruits

Le ministre Meisch laisse tomber le projet du détachement des 169 professionnels de l’Education différenciée (EDIFF)

Suite à la mobilisation massive du personnel de l’Education différenciée par le biais de l’association du personnel de l’Education différenciée (EEGED), en collaboration avec le SEW/OGBL, le ministre Claude Meisch a changé d’état d’esprit et approuve enfin un dialogue social dans le cadre de la réforme de l’Education différenciée.

 Lors d’une première réunion de négociation en date du 17 octobre 2017, le ministre Meisch a proposé à la délégation du personnel de l’Ediff de retirer son projet concernant le détachement de 169 professionnels de l’Ediff dans les structures de l’enseignement fondamental à partir de la rentrée 2017/2018.

En outre, il a proposé d’organiser trois réunions régionales au cours des prochaines semaines permettant de rencontrer le personnel de l’Ediff et d’expliquer ses projets concernant la future politique en matière d’inclusion scolaire.

A partir du début de l’année prochaine, tous les concernés seront entendus individuellement pour exprimer leur souhait d’affectation à partir de la rentrée 2018/2019.

Ils pourront opter pour une affectation dans les équipes de soutien des enfants à besoins (ESEB) de l’enseignement fondamental ou bien pour une affectation dans un des neuf centres de compétences en psychopédagogie spécialisée, retenus dans le projet de loi 52/2017-1 portant création de centres de compétences en psychopédagogie spécialisée en faveur de l’inclusion scolaire.

La délégation du personnel de l’EDIFF a accepté ces propositions qui sont dans l’intérêt des professionnels concernés et des élèves à besoins spécifiques et souhaite que le dialogue entamé puisse se poursuivre de façon constructive.

Néanmoins, l’EEGED et le SEW/OGBL restent très vigilants et ne se priveront pas de relancer la mobilisation du personnel concerné en cas d’autre rupture de confiance suite à des promesses non tenues !

 

Communiqué par l’EEGED et le SEW/OGBL

le 19 octobre 2017