RTL.lu : "Schüler-Menacen a Lycéeën a Schoulen net nei, mä Alldag"

17. Octobre 2017

Well hien an de Conseil de discipline geruff gouf, huet e Schüler aus der Hotel-Schoul zu Dikrech d'Schoulpersonal agresséiert.



Am Lycee technique Alexis Heck zu Dikrech koum et en Dënschdeg de Moien zu engem Tëschefall, woubäi d’Police huet misse geruff ginn.

E Schüler hätt sech am Kader vun engem Conseil de discipline ganz aggressiv géintiwwer Mataarbechter vun der Hotel-Schoul gewisen. Hien hätt och Menacen ausgeschwat.

Doropshin huet d’Police missen intervenéieren an huet nom jonke Mann siche gelooss. Hien gouf am Laf vum Dag dann och effektiv gestallt a koum an d'Psychiatrie.

Reaktioun vum fréiere President vun der Apess

Sou e „Fait divers“ erstaunt keen Enseignant aus dem Technique, schreift de fréiere Vizepresident vun der Proffegewerkschaft Apess, Alain Kieffer, e Mëttwoch de Moien an engem Communiqué. Sou delikat Situatioune géifen zum Alldag am Technique gehéieren.

En anert Beispill: Dat strengt Anti-Tubak-Gesetz. D'Politiker hätten dat gestëmmt, mä wie géif an de Lycéeën dofir suergen, datt et agehale gëtt? Weder d'Politik, nach d'Police, déi hätt aner Suergen, also wären et d'Enseignanten. Wann een e Schüler géif drop opmierksam maachen, géing dacks eng hefteg an net passend Reaktioun zeréckkommen.

En anert Beispill wier, datt Schüler, och wa se volljäreg sinn, de Schoulterrain net dierfe verloossen. Alt nees wären et d'Proffen, déi dat misste surveilléieren an déi mat de demesuréierte Reaktioune konfrontéiert ginn.

D'Zuel vun de Conseils de discipline hätt zanter e puer Jore staark zougeholl. An enger Schoul vun 2.000 Schüler géiffen der ronn 20 d'Joer fälleg ginn, déi driwwer decidéieren, ob ee Jonken d'Schoul muss verloossen. Sou e Conseil gëtt et just fir „gréisser Affären“ wéi Gewalt, Drogekonsum oder wann ee méi wéi 60 Stonnen ouni Excuse feelt. Da kéint ee sech jo virstellen, wéi vill méi kleng Saachen do nach derbäi kommen, präziséiert den Alain Kieffer.